10.10.2021

Literatuerm

Program

Um Sonndeg de Moie gëtt et erëm eng Liesmatinée, 50 Meter iwwert dem Buedem- fir Kanner vun 3-8 Joer!

Sonndes, 10.10.2021 vu 10h30 – 12h00

Um Programm:

„D’Sandmeedchen“, op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen …, dat éischt lëtzebuergescht AR*-Kannerbuch, by Rotondes & Kremart. De Yorick Schmit hëlt Iech mat ville liewege Biller mat op d’Sich.

Ausserdeem:
de klenge Geescht, deen einfach anescht ass: rosa, léif an och e bësse 
fäertereg: "De Geescht Gubi",
déi neist Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: „De verluerene Schatz“
an nach e puer aner flott Kannergeschichten erzielt d’Christiane Kremer vu Kremart Edition.

*AR:  Augmented Reality / erweidert Realitéit

Abegraff bei der Entrée ass: Liesung, eng Taass Kaffi/Téi/Schoki oder e Glas Viz an e Croissant

Covid-Check Event: Den Entrée ass just reservéiert fir Léit di vollständeg geimpft, gesond oder nergativ getest goufen. 
Ausnahmsweis ginn Schnelltester fir Kanner tëscht 7-8 Joer proposéiert.
 
General Information

Aquatower Berdorf

rue de Consdorf
L-6551 BERDORF

See on the map

Date

Sunday, 10 October 2021


Prices

Pro Persoun ab 3 Joer : 6.5


Contact

E :